Stëmmt et dat et am Centre de Formation pour conducteurs zu Colmar-Biergaang laang Waardelëschte ginn an et iwwer 6 Méint dauert, éier een e Rendezvous fir e Cours kritt ? Wa jo, wat sinn d’Grënn heivir? Koum et zu Retarde wéinst der COVID-Pandemie?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer déi obligatoresch Coursen am Centre de Formation pour conducteurs un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Déi obligatoresch Coursen am Centre de Formation pour conducteurs zu Colmar-Bierg sinn am Kader vum Punkteführerschäin virgesinn fir nees Punkten guttgeschriwwen ze kréien.

Mengen Informatiounen no ass et allerdéngs esou, dat keng Rendezvouse fräi sinn an den nächste Méint, an bis iwwer d’Mëtt vum Joer eraus muss gewaart ginn fir e Cours maachen ze kënnen. Déi betraffe Leit ginn dann op eng Waardelëscht gesat, ouni ze wëssen wéini se mat engem Rendezvous rechne kënnen.

Dës Coursë sinn awer obligatoresch dem Artikel 2bis §4ter vum Gesetz vum 14. Februar 1955 no, fir datt déi betraffe Persounen hire Führerschäin zréck kréien.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Kann de Minister bestätegen, dat et laang Waardelëschte ginn an et iwwer 6 Méint dauert, éier een e Rendezvous fir e Cours kritt ? Wa jo, wat sinn d’Grënn heivir? Koum et zu Retarde wéinst der COVID-Pandemie?
  • Fir déi betraffe Leit hänkt vill vun dësen obligatoresche Coursen of. Wann d’Coursen esou iwwerlaf sinn, ass de Minister net der Meenung, dat de Centre de Formation sech reorganiséiert fir senger Missioun an dëser Hisiicht besser nokommen ze kënnen ?
  • Dëst zielt ëmsou méi wou de Centre de Formatioun pour conducteurs hei eng Monopolstellung huet. Oder wëll de Minister hei Ännerunge virhuelen ?
  • Wat gedenkt de Minister ze ënnerhuelen, fir dat d’Gesetz ausgefouert ka ginn an dat an engem tragbaren Zäitraum, den « délai raisonnable » huet jo och juristesch Konsequenzen ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Octavie Modert

Deputéiert

 

 

Zréck