Ginn d’Masken erof op 3 % TVA?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister vir Gesondheet esou wéi un den Här Finanzminister weider ze leeden.

Säit 10 Méint si mir elo schonn vun der Covid-19 Pandemie betraff. Et gesäit momentan esou aus wéi wann mir nach eng Zäit op sanitär Schutzmëttel missen zeréck gräifen. Op de sanitäre Schutzmëttel, notamment de Masken, läit TVA (nach emmer) bei 17%. Den Här Finanzminister huet op d’parlamentaresch Fro n°2118 betreffend enger potentieller Reduktioun vun der TVA op d’Masken geäntwert:

« l’application du taux super-réduit ne se traduit pas nécessairement par une baisse du prix du bien pour le consommateur final. En effet, il n’est pas exclu que ce dernier ne soit pas en mesure de bénéficier d’une baisse TVA, si une telle réduction va de pair avec une adaptation à la hausse de la marge bénéficiaire des entreprises qui fabriquent et/ou vendent les biens en question. »

 

Lëschte Mëttwoch, den 20. Januar 2021 huet Éisträich decidéiert d’FFP2-Masken vun all TVA ze befreien. D’EU Kommissioun hätt Éisträich dës Steiersenkung geneemegt. De Präis vun den FFP2-Masken soll fixéiert ginn. Fir Leit mat klengen Akommes sollen d’Masken souguer gratis ginn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wat hält d’Regierung vun der éisträichescher Regierung hirer Entscheedung?
  • Wëssend datt d’Masken mëttlerweil a ville Beräicher an ënnert verschiddenen Konditiounen obligatoresch sinn, an d’Leit soumat „gezwongen“ sinn Masken ze kafen, fënnt d’Regierung net och datt een de Leit do sollt entgéint kommen an den taux super-réduit vun 3% sollt applizéieren, vir d’Leit an dëser schwiereger Zäit finanziell ze entlaaschten?
  • Kéint de Präis vun deenen verschiddenen sanitäre Masken net och fixéiert ginn, ewéi et an Éisträich de Fall ass, sou dass d’Leit vun der reduzéierter TVA sécher kënne profitéieren?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp                                           Jean-Marie Halsdorf

Deputéiert

Zréck