Ass et wouer, datt d’Kinéen als eenzege Gesondheetsberuff keng Tariferhéijung kritt hunn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister vir Gesondheet esou wéi un den Minister vir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Laut engem Interview vum Patrick Obertin, President vun der ALK (Association luxembourgeoise des kinésithérapeutes), hätt d’Gesondheetskeess d’Tariffer vun de Kinéen anscheinend als eenzegen vun allen Gesondheetsberuffer Enn dës Joers net erhéicht. D’CNS hätt virun allem op déi héich Depensen aus den zwee Joer virdru verwisen an dowéinst de méi héijen Tarif refuséiert. Den Här Obertin huet awer ënnerstrach, dat d’Ausgaben geklommen wieren, well vill Kiné’en bäikomm wieren (ongeféier 20%) an et wier net esou dat deen eenzelen Kiné déi lescht Jore méi Suen verdéngt hätt.

Dobäi kennt datt d‘Kiné’en gebraucht ginn, well elo mam „virage ambulatoire“ d’Patienten éischter aus der Klinik entlooss géife ginn an d’Leit esou an externe Praxissen misste behandelt ginn fir den Traitement Doheem weider ze garantéieren.

Zanter 2018, dem Règlement grand-ducal du 6 novembre 2018 déterminant le statut, les attributions et les règles de l’exercice de la profession de santé de masseur-kinésithérapeute gëllt e Master als Ausbildungsniveau fir e Kiné. Aus dem Ausland géingen der awer och mat Bachelor, also mat manner Qualifikatiounen op Lëtzebuerg kommen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Kann d’Regierung bestätegen datt d’Kiné’en déi 2,83% Tariferhéijung net kritt hunn?
Ass et wouer datt Sie déi Eenzeg sinn aus dem Gesondheetssecteur wou esou een Refus de Fall ass ?
Ass d’Regierung averstanen matt dem Här Obertin senger Erklärung datt d’Ausgaben geklomme wieren well vill Kiné’en bäikomm sinn an datt dës Kiné’en gebraucht ginn ?
Em wéi vill ass d‘ Zuel vun den Kinéen hei am Land geklommen an deenen leschten 2 Joer?
Wat ass der Regierung hier Erklärung dofir?
Kann d’Regierung bestätegen, datt Kinéen déi „nëmmen“ e Bachelor hunn sech hei zu Lëtzebuerg nidderloossen ?
Wa jo, wéi vill Kiné‘en praktizéieren hei zu Lëtzebuerg ouni Master an aus wéi engem Grond ginn d’Homologatiounen vun eisen Autoritéiten net méi genee kontrolléiert?
Leiden d’Qualitéit vum Service an den Traitementer dorënner ?
Vu datt d’Kiné’en kéng Tariferhéijung kruten, ënnert der Begrënnung datt Depensen immens héich waren, heescht dat elo datt aner Gesondheetsberuffer déi opgestockt ginn och net méi mat enger Tariferhéijung rechnen kënnen? Bedenke muss een hei datt et an e puer Branchen vum Gesondheetssecteur eng Penurie u Personal gëtt an massiv rekrutéiert soll ginn.
D‘Kinéeen hunn elo anscheinend eng Mediatioun ugefrot. Gett et do schonn een Datum wéini des Mediatioun ufänkt ?
D’Hygiènesmesuren, déi sanitär Covid-Konzepter, hätten de liberale Kiné‘en zejoert Sue kascht. Och duerch d‘Lëften, d‘Desinfizéieren, etc. kënnen dës Kiné‘en elo och manner Patienten an enger Stonn gesinn. Hunn déi fräischaffend Kiné’en Hëllefsmesüren kritt an der Covid-Kris (Masken, Desinfektiounsmëttel etc.), resp. ass eng finanziell Ënnerstëtzung virgesinn fir d’Frais‘e vun de Schutzmesuren ze garantéieren?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

 

 

 

 

Zréck