Ass d’Lëtzebuerger Regierung un deem neien Antikierper Medikament géint Covid-19 intresséiert ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Gëschter war gewuer ze ginn datt Däitschland 200.000 Dose vun engem neien Antikierper Medikament kaf huet am Kampf géint d’COVID-19 Pandemie. Vun nächster Woch un sollen dës sougenannte monoklonal Antikierper an Däitschland als éischt Land an der EU agesat ginn. Dës Behandlung viséiert virun allem erwuesse Patiente mat wéinegen oder moderate Symptomer awer mat engem Risiko méi e schwéiere Verlaf ze kréien. Wa si an enger Fréiphase vun der Krankheet d’Antikierper kréien, kënnen dono Komplikatioune verhënnert ginn.

An der EU ass dës nei Behandlungsmethod bis elo net zougelooss, an Däitschland kann awer déi iewescht zoustänneg Instanz eng positiv Aschätzung gi wa soss adequat Behandlungsméiglechkeete feelen, an d’Medikament dann asetzen. Eng Dosis kascht ronn 2000 Euro. An den nächste Woche kréie spezialiséiert Spideeler dëst Medikament gratis zur Verfügung gestallt.

Virun dësem Hannergrond géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Huet d’Regierung sech schonn iwwer dëst Medikament informéiert?
Wa jo, ginn et Iwwerleeungen och eng Rei Dose vun dësen Antikierper ze kafen? Wa jo, wéini? Wann nee, aus wéi enge Grënn?
Gëtt et en Austausch op EU-Niveau iwwer dëst Medikament oder hunn déi Responsabel vum Gesondheetsministère sech evtl. bei hiren däitschen Homologen driwwer informéiert?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                             Claude Wiseler

Deputéiert                                                      Deputéierten

 

Zréck