Wéi vill Invitatiounen sinn zanter dem 1. Januar 2021 fir den Impfzenter vun der Victor Hugo Hall verschéckt ginn ? Wéi héich ass den Taux de participation op den Datum vum 20. Januar 2021 ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro kënn der hei noliesen : QP3481

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës dringend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

Een Artikel op paperjam.lu huet rezent zu der Impfkampagne getitelt « Tous les soignants ne souhaitent pas se faire vacciner ».

Mir wéilten duerfir folgend Froen un d’Madamm Minister stellen :

  • Wéi vill Invitatiounen sinn zanter dem 1. Januar 2021 fir den Impfzenter vun der Victor Hugo Hall verschéckt ginn ?

 

  • U wéi eng Kategorien vu Leit sinn dës Invitatioune verschéckt ginn ?

 

  • Wéi héich ass den Taux de participation op den Datum vum 20. Januar 2021 ?

 

Mat déifstem Respekt,

Gilles Roth

Deputéierten

Claude Wiseler

Deputéierten

 

 

Zréck