Fierwat bestellen den Educatiounsministère an d‘Lycéeen eng héich Unzuel vun FFP2 Maske ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Edukatiounsminister weider ze leeden.

Laut eisen Informatiounen huet de Educatiounsministère eng héich Unzuel vu FFP2 Maske bestallt an och d‘ Lycée‘ en sinn am gaangen esou Masken ze bestellen.

Op Grond vun dësen Informatioune stelle mir folgend Froen un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister eis des Informatioune bestätegen?
  • Wéi vill Maske si säitens vum Ministère bestallt?
  • Gëtt de Ministère eng allgemeng Recommandatioun un d`Schoulen eraus fir datt d´Léierpersonal FFP2 Maske soll undoen?
  • Stellt de Ministère dem gesamte Léierpersonal Masken zur Verfügung?
  • Wéi gesäit allgemeng d‘ Maskenstratégie vum Educatiounsministère aus?
  • Wat sinn dem Ministère seng Recommandatiounen zu deene vum Ministère ausgedeelte Buff‘en?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                              Marc Spautz

Deputeierten

Zréck