Questions parlementaires

Ass de Konsum vun Alkohol a Pëlle während der Corona-Pandemie an d’Luucht gaangen ?

Am Kader vum « Pacte Logement » sinn an de Joren 2008 – 2017 anscheinend eng 88 Konventiounen bei der Erstellung vun engem PAP tëscht deene jeeweilege Gemengen a Baupromoteuren a Bezuch op déi 10% « Logement à coût modéré » erstallt ginn. Kann den zoustännege Minister versécheren datt déi an där jeeweileger Konventioun fixéiert Präisser och esou applizéiert gi sinn?

Kann d’Madamm Ministesch confirméieren datt et Fäll goufen an deenen Leit déi mat där selwechter infizéierter Persoun a vergläichbarer Art a Weis a Kontakt waren ënnerschiddlech behandelt goufen? Falls jo, wat sinn d’Grënn vir dës ënnerschiddlech Handhabung am Contact-Tracing?

Mam Plang “Pan-Bio 2025” wëll den Landwirtschaftsminister lokal a biologesch Produiten fërderen. Wéi wäit ass de Minister mat senge Piloteprojeten a wéini kënnen dës lancéiert ginn ?

D’Reorganisatioun vum RGTR ass iwwer déi lescht Jore virbereet ginn, de Public an och d’Gemenge goufe consultéiert. Et muss een awer elo feststellen, datt vill vun de Changementer net méi deem entsprieche wat mat enger Rei Gemenge beschwat gi war. Bei wéi ville Linnen ass dat de Fall a fir wat goufen déi concernéiert Gemengen net am Virfeld informéiert?

Gëtt am nächste Schouljoer eng Decharge agefouert fir déi Enseignanten, déi sech am Kader vum CEPAS fir d‘Preventioun vum Suicide engagéieren ?

Wisou gëtt et vum Ëmweltministère keng aktuell Donnéeë wat d’Wëllt ugeet ? Wéi vill Wëllt gëtt all Joer geschoss a wat riicht d’Wëllt u Schied un ? 

Wéi erkläert sech d’Ëmweltministesch d’Erhéijung vun der “Empreinte écologique” zu Lëtzebuerg, trotz de politeschen an ökologesche Mesuren vun deene leschte Joren ?

Firwat wosst d’Regierung ob d’Fro, wéi vill Grenzgänger nom 27. August positiv op de Covid-19 getest goufen, keng Äntwert ?Assuréiert d’Regierung nach weiderhin de Monitoring vun den Infektiounszuelen vun de Grenzgänger?

Mat wéi enge Mëttelen ënnerstëtzt de Staat de Projet LSC ?