Stëmmt et datt den Astra-Zeneca Covid-Vaccin nëmme fir Leit ënner 65 Joer gëeegent soll sinn ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro kënn der hei noliesen : QP3529

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Laut enger Recommandatioun vun der däitscher Impfcommissioun soll den Astra-Zeneca Covid-Vaccin nëmme fir Leit ënner 65 Joer gëeegent sinn.

D’Madamm Minister hat eis rezent matgedeelt datt Lëtzebuerg och wäert 415.048 Dose vun Astra-Zeneca geliwwert kréien, den Zäitpunkt vun der Liwwerung war dee Moment awer nach net bekannt.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Ass d’Regierung driwwer informéiert datt de Vaccin vun Astra-Zeneca net soll u Patienten iwwer 65 Joer gesprëtzt ginn ?
  2. Wa jo, huet d’Regierung dës Informatiounen och aus der Presse oder ass si vum Produzent selwer informéiert ginn ?
  3. Ass mëttlerweil gewosst wéini Astra-Zeneca de Grand-Duché beliwwert ?
  4. Huet dës nei Informatioun en Afloss op d’Impfstrategie, wëssend datt virgesinn ass eeler a vulnerabel Leit prioritär ze impfen ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen           Jean-Marie Halsdorf       Claude Wiseler

Deputéiert                   Deputéierten                   Deputéierten

Zréck