Sollen d’Klassen och nach no der Fuesvakanz an A/B Gruppen weiderfunktionnéieren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Virum Hannergrond vun der Pandemie hat den Här Educatiounsminister am Dezember A/B Gruppen op den ieweschte Klassen am Secondär fir dat éischt Semester ugekënnegt.

An dësem Kontext wëlle mir folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Sollen d’Klassen och nach no der Fuesvakanz an A/B Gruppen weiderfunktionnéieren?
  • Wa jo, wäert dat nëmmen vir déi iewescht Klassen am Secondaire gëllen?
  • Falls nee, aus wéi engem Grond?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

 

 

 

Claude Wiseler

Deputéierten

Zréck