Huet d’Regierung vun den Zoustänn an de sougenannten chineseschen Ëmerzéiungslageren Kenntnis geholl a gedenkt d’Regierung op d’Situatioun anzewierken?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Aussen- an Europaminister weiderzeleeden.

Ewéi divers Medien a Mënscherechtsorganisatiounen säit gewësser Zäit matdeelen soll China 1 bis 3 Milliounen Uiguren, eng islamesch Minoritéit, a sougenannten Ëmerzéiungslageren ënnerbréngen. Do géife schonn säit längerem net méi nëmmen den Uiguren hier Traditioun, Sprooch an Religioun ausgeläscht, mee d’Mënschen géifen ewéi Sklaven festgehale ginn, an och no an no embruet ginn. Et schwätzt ee vun engem Vëlkermord. Dës Mënschen géingen also net fräiwëlleg, esou wéi dat vun der Kommunistescher Partei a China (KP) duergestallt gëtt an dës Ëmerzéiungslagere goen an do bleiwen, mee se géingen do festgehalen ginn ënnert schlëmmsten Liewenskonditiounen iwwert Méint oder Joren ouni Uklo oder Prozess.

 

Och d’Europaparlament huet déi massiv Mënscherechtsverstéiss géint Uiguren a China schonns a sengen zwou Resolutiounen am Dezember 2019 an 2020 staark verurteelt an huet zu Sanktiounen géint China opgeruff.

 

  • Huet d’Regierung vun dësen Zoustänn an dësen sougenannten chineseschen Ëmerzéiungslageren Kenntnis geholl?
  • Wat ass der Regierung hier Stellung zu dëse Mënscherechtsverstéiss?
  • Gedenkt d’Regierung op d’Situatioun anzewierken?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck