Kann d’Madamm Ministesch eis matdeelen firwat Lëtzebuerg seng delegéierte Procureuren fir den europäesche Parquet nach net genannt huet ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch betreffend den europäesche Parquet weiderzeleeden.

 

An engem Reportage um Radio 100,7 gouf haut de Moien duergeluecht, dass et alles anescht wéi sécher wier, dass den europäesche Parquet mat Sëtz zu Lëtzebuerg den 1. Mäerz 2021 seng Aarbechten kéint ophuelen. Et ass zum Beispill drop higewise ginn, dass um Niveau vum Rekrutement ëmmer nach géif no qualifizéiertem Personal gesicht ginn. Och d’EU-Memberstaaten hätten nach net all hir delegéierte Procureure genannt. Eist Land, dat sech ëmmer staark gemaach huet fir de Sëtz vun dëser EU-Institutioun heihinner ze kréien, hätt och seng 2 Delegéiert nach net bestëmmt.

Well der EU all Joers wäit iwwer 400 Milliounen Euro duerch Korruptioun verluer ginn an d’Fraude bei der TVA op 40 bis 60 Milliarden Euro d’Joer geschat gëtt, ass et eminent wichteg, dass den europäesche Parquet endlech ufänke ka mat schaffen. Och déi Lëtzebuerger Regierung ass gefuerdert fir hir Stëmm an den EU-Gremien kloer zum Ausdrock ze bréngen am Sënn vun engem staarken europäesche Parquet.

Mir wéilten duerfir folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen :

  • Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass den europäesche Parquet seng Aarbechten den 1. Mäerz 2021 ophuele kann ?

 

  • Kann d’Madamm Ministesch eis matdeelen firwat Lëtzebuerg seng delegéierte Procureuren nach net genannt huet ? Kann d’Madamm Ministesch eis erklären wéi dës Nominatiounen am konkreten oflafen ? Wien decidéiert zu Lëtzebuerg wéi eng Persounen genannt ginn ?

 

  • Ass d’Madamm Ministesch net der Meenung, dass d’Glafwierdegkeet vum europäesche Parquet mat Standuert zu Lëtzebuerg duerch déi aktuell Verspéidungen a Saache Rekrutement an Ernennung vun den Delegéierten a Fro gestalt gëtt ? Wéi gedenkt déi Lëtzebuerger Regierung deem Androck entgéint ze wierken ?

Mat déifstem Respekt,

 

Viviane Reding
Deputéiert

 

 

Diane Adehm
Deputéiert

 

Zréck