Huet d’Regierung wëlles de Gemenge ronderëm de Stau finanziell ze hëllefe fir Sëcherheet a Propretéit ze garantéieren, wëssend dat de Stau als Drénkwaasserreservoir an Noerhuelungsgebitt mat senge Plage vu nationaler Bedeitung ass ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Plagen um Séi vun der Uewersauer un den Här Minister fir Tourismus weider ze leeden.

Lescht Joer hunn vill Leit an der Coronazäit Vakanz doheem gemaach. Eng beléiften Destinatioun war de Stauséi Uewersauer mat senge ville Méiglechkeete vu Wasseraktivitéiten op de Plagen an de Gemenge Bauschelt, Stauséigemeng, Esch-Sauer an och Rammerech.

Den Undrang war sou grouss, dass et an enger éischter Phase zu staarke Park-, Verkéiers- an och Sécherheetsproblemer komm ass. Fir deem entgéintzewierken, ass an Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen, dem ORT an deene verschiddene Ministèren eng Onlinereserveierung en place gesat ginn. Ausserdeem huet eng privat Sécherheetsfirma fir Uerdnung op den jeeweilege Sitë gesuergt. Des Moossnamen hunn hier Friichte gedroen a Käschten dovunner goufe läscht Joer vum Tourismusministère iwwerholl.

Laut rezenten Informatiounen aus der Presse hätt den Tourismusministère bis dato net wëlles fir dëse Summer Gemengen finanziell um Niveau vun der Onlinereserveierung a vun der Sécherheet ze ënnerstëtzen. Dofir huet de Gemengerot vun Bauschelt déi läschte Woch decidéiert Plagen dëst Joer virleefeg net opzemaachen.

Et ass ze bemierken dat Plagë ronderëm de Stauséi praktesch zu 100 % dem Staat gehéieren, Gemengen awer fir Sécherheet an Propretéit op deene Plagë responsabele sinn. Dësen Ëmstand féiert derzou dass Stauseegemengen am Summer zousätzlech Käschten ze stemmen hunn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Tourismus stellen.

  • Kann den Här Minister des Informatioune confirméieren ?

 

  • Huet d’Regierung wëlles de Gemenge ronderëm de Stau finanziell ze hëllefe fir Sëcherheet a Propretéit ze garantéieren, wëssend dat de Stau als Drénkwaasserreservoir an Noerhuelungsgebitt mat senge Plage vu nationaler Bedeitung ass ?

 

  • Wat huet d’Regierung wëlles fir an enker Zesummenaarbecht mat de Gemenge ronderëm de Stau d’Viraussetzungen ze schaffe fir dat ënner dem Motto “Vakanz doheem” de Betrib an d’Gestioun vun de Plagen op eng gereegelt Manéier ka funktionéieren, wëssend dat dem Staat d’Plagen nobäi zu 100% gehéieren an d’Gemenge weder Gestionnaire nach Locataire sinn ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck