Vu dass d’Recetten sech net sou schlecht entwéckelt hunn wéi virausgesi gi war, kënnen d’Gemengen am Decompte 2020 mat méi engem héije Betrag rechnen ? Ginn d’Avancë fir 2021 eventuell ugepasst?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu dem Fonds de dotation globale des communes (FDGC)  un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.

An der Circulaire n°3834 vum 8.Mee 2020 huet d’Madamm Inneministesch d‘Gemengen iwwer den Impakt vun der Corona-Kris op d’Gemengefinanze informéiert. D’Gemenge missten op Grond vum Réckgang vun de Recette beim Staat mat manner Participatioun directe au produit en ICC a beim Fonds de dotation globale des communes  rechnen. Dat bedeit fir ganz vill Gemengen grouss finanziell Schwieregkeeten. Trotzdeem sollten d’Gemengen hier Investissementer laut der Madamm Ministesch héich halen.

Freides, den 22. Januar 2021 huet den Här Finanzminister d’Zuele vum Staat op den 31. Dezember 2020 an der Finanzkommissioun presentéiert. Dobäi ass ze erkennen, dass d’Recetten net esou weit erofginn, wéi dat nach am Mee 2020 ze fäerte war.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Kann d’Madamm Inneministesch meng Informatioune konfirméieren?
  • Vu dass d’Recetten sech net sou schlecht entwéckelt hunn wéi virausgesi gi war, ass domadder ze rechnen, dass d’Gemengen am Decompte 2020 mat méi engem héije Betrag rechne kënnen, wéi am Budget rectifié virgesi bzw. ginn d’Avancë fir 2021 eventuell ugepasst?
  • Wann net, firwat net?
  • Duerch wéi eng aner Mesuren gedenkt d’Madamm Ministesch de Gemengen an dëser schwiereger finanzieller Situatioun ze hëllefen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Diane Adehm

Deputéiert

Zréck