Questions parlementaires

Ass den Dossier « conduite transfrontalière du motocycle léger (A1) avec le permis de conduire de la catégorie B » ofgeschloss ? Wa jo, wat sinn d’Konklusiounen ?

Wéi gëtt d’Fleegepersonal getest a wéi ka garantéiert ginn, dass vulnerabel Leit net ugestach ginn, wann d’Personal trotz Quarantän bei Engpäss dierft schaffe goen?

Hunn d’Federatioune kloer Consigne wéi Kompetitioune mat Zuschauer organiséiert kënne ginn?

Wéi eng Positioun huet déi lëtzebuergesch Regierung géigeniwwer der Debatt, eng Rechtshëllef am Fall Alexej Nawalnyj anzeleeden?

Wat ass d’Positioun vun der Regierung géigeniwwer Salariéen, déi a Quarantän sinn mee awer Accès op den Télétravail hunn ?

Ass den Här Finanzminister der Meenung datt d’Kontrolle vun der Douane ouni legal Grondlag duerchgefouert goufen ?

Wier et net sënnvoll datt extra Teststatioune fir Schüler agerriicht ginn, fir datt d’Waardezäiten net ze laang sinn?

Fënnt d’Regierung net datt een e volumetresche Kadaster aféiere soll fir d’Verdichtung am stättesche Raum  méi einfach ze maachen ?

Deelen d’Ministeren d’Aschätzung, dass et fir eng « fichéiert » Persoun schwiereg ass, ze wëssen, ob seng Daten reegelkonform traitéiert ginn, wa dës Persoun keng Informatiounen iwwer d’Identitéit vun de Persounen kritt, déi op hir Donneën zougräifen ? Wa jo, wéi eng Méiglechkeeten huet dës Persoun fir seng Rechter geltend ze maachen ?

En rezenten EU-Audit vun der Generaldirektioun Gesondheet a Liewensmëttelsécherheet deckt gewëssen Defiziter am Kontrollsystem besonnesch vu Rëndsfleesch aus Kanada op. Wéi wäert d’Regierung op dësen Audit reagéieren?