Firwat bréngt den Adapto säit e puer Wochen keng Leit méi an d’Large Scale Testzentren? Wéi kann et sinn datt dës Leit lo en Taxi op hier eegen Käschten mussen huelen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister vir Gesondheet, un den Här Minister fir sozial Sécherheet ewéi och un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

Laut mengen Informatiounen géing den Adapto elo schon säit e puer Wochen keng Leit méi an d‘Large Scale Testzentren bréngen, esou wéi dat bis dato ëmmer de Fall gewiescht wier. Et hätt een de betraffenen Leit geäntwert, datt se vun elo un mam Taxi dohi misse fueren, an dëst op de Läit hier eegen Käschten.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung bestätegen datt den Adapto d’Léit net an d’Large Scale Testzentren féiert? Wa jo, aus wéi engem Grond ?
  • Wat maachen déi Leit déi keen hunn deen si kann an d’Testzenter féieren, an déi och net all kéiers en Taxi kënnen oder wëllen bezuelen, wëssend dass verschidden Leit et relativ weit hunn vir vun hirem Wunnsëtz an en Testzenter ze kommen ?
  • Ass d’Regierung net och der Meenung datt dës Situatioun dozou féiert datt verschidden Leit sech net méi am Kader vum Large Scale Testing teste loossen an dass een de Leit dëse Service misst erméiglechen ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck