Wat huet d’Regierung virgesinn, fir dass och déi sougenannte « Personnes à mobilité réduite » kënnen de Kaf respektiv d’Notzung vun engem Elektro-Auto an d’A faassen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Mobilitéitsminister an un den Energieminister weiderzeleeden.

Am Règlement Grand-Ducal vum 7. Mäerz 2019 iwwer déi energetesch Performance bei ëffentlechen Infrastrukturen gouf festgehalen, dass e gewësse Prozentsaz u Stellplazen fir elektresch Gefierer beim Bau vun dëse Gebaier muss virgesi ginn. Sou steet am Gesetz geschriwwen, dass all eenzel E-Mobility-Parkplaz mat engem Stroumkabel oder awer mat 2 Gainen muss pré-équipéiert sinn.

Am Kontext vun der technescher Realisatioun, déi anscheinend dacks mat Schwieregkeete verbonnen ass, erlaben ech mir, folgend Froen un déi Häre Ministeren ze stellen :

  • Kann d’Regierung déi ugeschwate Schwieregkeete bei der technescher Ëmsetzung confirméieren ? A wa jo, woura bestinn d’Problemer konkret?
  • A wéi wäit befënnt d’Regierung et fir noutwendeg, fir dëst Gesetz nozebesseren,  wëssend, dass et eng Multitude vun Opérateure gëtt, déi mat ënnerschiddlechen techneschen Equipementer schaffen ?

Bei de Parkplaze fir Elektro-Autoen fält doriwwer eraus op, datt et bis elo keng speziell fir Leit mat engem Handicap gëtt.

  • Wat huet d’Regierung an deem Kontext virgesinn, fir dass och déi sougenannte « Personnes à mobilité réduite » kënnen de Kaf respektiv d’Notzung vun engem Elektro-Auto an d’A faassen ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck