Weess d’Regierung vu Schüler, déi an hirer Wunnecht keen Accès zum Internet hunn a wat huet se ënnerholl fir ze assuréieren, dass des Schüler kënnen um Distanzunterrecht deelhuelen ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro kënn der hei noliesen :QP Accès Internet

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Educatiounsminister an un de Minister fir Digitalisatioun weiderzeleeden.

Säit Ufank dëser Woch sinn d’Schüler bekanntlech nees am Home-Schooling. Mengen Informatiounen no ass den Accès zum Internet awer net fir all Schüler garantéiert – sief et, dass net all Haushalt en Internetuschloss huet, sief et, dass d’Bandbreet a bestëmmte Stroossen oder Uertschaften fir Visiokonferenzen net duer geet, besonnesch dann, wa méi Leit gläichzäiteg am Internet ënnerwee sinn.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen :

  • Ass no der éischter Phas vum Home-Schooling e landeswäit representativen Etat des lieux iwwer den Accès vun de Schüler zum Internet gemaach ginn ? A wa jo, wéi eng Conclusioune sinn doraus gezu ginn ?
  • Weess d’Regierung vu Schüler, déi an hirer Wunnecht keen Accès zum Internet hunn a wat huet se ënnerholl fir ze assuréieren, dass des Schüler kënnen um Distanzunterrecht deelhuelen ?
  • Huet d’Regierung Kenntnis vu Plazen am Land, wou et Problemer mam Internetréseau respektiv der maximaler Bandbreet gëtt ?
  • Wa jo, wou sinn des Plazen a wat huet d’Regierung bis elo ënnerholl, fir sécherzestellen, dass den Distanzunterrecht och hei ka funktionéieren ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck