Wéi héich wäert d’Primm fir Vëloen nom 31. Mäerz 2021 sinn ? Wéi laang wäert de néi Primm gëllen?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro kënn der hei noliesen : : Réponse Primm Vélo

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klimaschutz a nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.

Wärend dem Confinement hu vill Leit nees Loscht op Vëlofuere kritt. D’Primm mat där Regierung de Kaf vun engem neie Vëlo oder Pedelec aktuell ënnerstëtzt huet an de läschte Méint ee groussen Zousproch kannt. Déi aktuell Primm soll Enn Mäerz 2021 auslafe mä Regierung huet schonns ugekënnegt, dass se gewëllt ass déi finanziell Bäihëllefen iwwer den 31. Mäerz 2021 eraus weiderzeféieren.

Nofro no Vëloen a Pedelec’en ass am Moment sou grouss, datt Velosfirme mat der Produktioun net méi nokommen, an de Keefer net sécher ass wéini de bestallte Vëlo ka geliwwert ginn. Et ass deemno wichteg, dass Leit lo wësse wei et konkret mat der Primm fir de Vëlo oder Pedelec nom 31. Mäerz 2021 wäert weidergoen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi héich wäert Primm nom 31. Mäerz 2021 sinn ?
  • Wéi laang wäert de néi Primm gëllen?
  • Wéini gedenkt Regierung Leit iwwert déi nei Bestëmmungen ze informéieren?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 Martine Hansen                                                 Nancy Arendt ép. Kemp

 

Deputéiert

Zréck