Kann den Här Minister confirméieren, dass eng Crèche direkt hir Diere muss zoumaachen, soubal ee Fall vu Covid-19 diagnostizéiert gëtt ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Educatiounsminister, den Här Claude Meisch, weiderzeleeden.

A senger Pressekonferenz vum 4. Februar 2021 huet de Minister ugekënnegt, datt d’Crèchen wärend der Durée vun der Fermeture vun de Grondschoulen (bis den 19. Februar) géifen opbleiwen. Op der Facebook-Säit vun der DP steet awer ze liesen, dass eng Crèche direkt muss zoumaachen, soubal do e Covid-19-Fall entdeckt gëtt, wat zu Laaschte vun der Planungssécherheet vu ville Famillje mat Kanner geet. Des Informatioun huet de Minister net op senger Pressekonferenz kommunikéiert, och ass se net am respektiven « Dossier de presse » um Site vun der Regierung ze fannen.

An deem Kontext erlaben ech mir, folgend Froen un den Här Minister ze stellen :

  • Kann den Här Minister confirméieren, dass eng Crèche direkt hir Diere muss zoumaachen, soubal ee Fall vu Covid-19 diagnostizéiert gëtt ?
  • Firwat huet den Här Minister des fir vill Familljen essentiell Informatioun zréckgehalen ?

 

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Diane Adehm

Députéiert

Zréck