Wéi solle bis nächst Joer 200 zousätzlech Polizisten op den Terrain kënne geschéckt ginn? Wéi sollen dës zousätzlech Agenten bannent kuerzer Zäit all déi noutwendeg Formatiounen duerchlafen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro zur Policegewerkschaft SNPGL un de Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

Laut engem Artikel vun Rtl.lu reagéiert d’SNPGL kritesch op rezent Aussoe vum Här Minister op der Antenn vum Rtl. D’Leit hätten „e Gefill vun der Onsécherheet“ an d’Aussoe vum Här Minister a punkto Augmentatioun vun den Effektiver an der Reorganisatioun wieren erstaunlech. Weiderhi wieren d’Rekrutéierungspläng illusoresch. Sou wär et net realistesch, schonn nächst Joer 200 zousätzlech Polizisten op den Terrain ze schécken.

Mir wéilten dofir gäre folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Wéi reagéiert de Minister op dës Kriticken?
  • Wat soll an Zukunft géint d’Gefill vun der Onsécherheet vun de Leit gemaach ginn? Ginn et do konkret Pläng?
  • Wéi solle bis nächst Joer 200 zousätzlech Polizisten op den Terrain kënne geschéckt ginn? Wéi sollen dës zousätzlech Agenten bannent kuerzer Zäit all déi noutwendeg Formatiounen duerchlafen?
  • Ass d’Gewerkschaft an déi aktuell Rekrutéierungspläng vum Ministère mat agebonnen? Wann jo, a wéi enger Forme ? Wann nee, firwat net ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Laurent Mosar                                                 Serge Wilmes

Deputéierten                                                  Deputéierten

Zréck