Ass d’Regierung net der Meenung, dass et eng iwwergeuerdent Strategie gi muss, fir eng eventuell Benodeelegung vu Wëssenschaftlerinnen an der Hierarchie vun der Uni Lëtzebuerg ze ënnerbannen, a wéi wëll d’Regierung an dëser Hisiicht virgoen ?  

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung an un d’Madame Ministesch fir Chancëgläichheet weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no sinn d’Resultater vum « Gender Equality Audit », deen op der Uni Lëtzebuerg duerchgefouert gouf, net am Aklang mat de Prinzippie vun der Chancëgläichheet. Bal 90 Prozent vun de Wëssenschaftlerinne soen, si hätte par Rapport zu hire männleche Wëssenschaftlerkolleegen net déi selwecht Chancen op eng leedend Positioun.

An deem Kontext erlabe mir eis, folgend Froen un d’Regierung ze stellen :

  • Kann d’Regierung dës Resultater vum « Gender Equality Audit » confirméieren ?
  • Firwat kommunikéiert d’Universitéit vu Lëtzebuerg, oder d’Regierung, net iwwer dësen Audit ?
  • Wéi erkläert et sech, dass bäi sou enger « jonker » Universitéit, déi sech ëmmer gären « innovativ » gëtt – an dat ass richteg esou -, d’Frae laut dem Audit par Rapport zu hire männleche Kolleege benodeelegt sinn, wat hir Carrièresaussiichten ugeet ?
  • Ass d’Regierung net der Meenung, dass et eng iwwergeuerdent Strategie gi muss, fir eng eventuell Benodeelegung vu Wëssenschaftlerinnen an der Hierarchie vun der Uni Lëtzebuerg ze ënnerbannen, a wéi wëll d’Regierung an dëser Hisiicht virgoen ?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                              Octavie Modert

Deputéiert                                                      Deputéiert

Zréck