Questions parlementaires

Wat sinn d’Resultater vun der technescher a wirtschaftlecher Analyse vum Biogas Secteur?

Stëmmt et datt am Januar eng ganz Rei Servicer wéi den SNJ, de Script oder nach den Office National de l’Enfance aus hiren aktuelle Raimlechkeeten an e Grossraumbüro a Clausen plënneren dat am Moment eidel steet ? Wa jo, deelt d’Regierung d’Meenung datt et mat der aktueller sanitärer Kris net onbedéngt opportun ass a Groussraumbüroen ze sëtzen?

Kënnen d’Häre Ministere bestätegen, dass et an nächster Zäit Iwwerwaachungskameraen am Tram an op de Quaie kommen? Gouf déi national Dateschutzkommissioun hei (CNPD) mat engem Avis saiséiert?

Gëtt op der CR226 tëscht Izeg a Bouneweg scho Moies fréi an awer och duerchgoend bis Owes bei wanterleche Konditioune gestreet ? Kann dofir gesuergt ginn datt méi wéi een Mini-Buss zum Asaz komme wann et zu Capacitéitsengpäss sollt kommen?

Wéi wäit ass de Gesondheetsministère mat der Sensibiliséierungscampagne, déi op méiglechst vill Froe vun de Leit äntwert a jidderee motivéiert sech impfen ze loossen ?

Den 11. Dezember ass gesot ginn, datt d’Bierger aus insgesamt aacht Ost-Gemenge keen Drénkwaasser méi sollte consomméieren. Ginn et national Noutfallpläng am Fall vun esou Incident´en mam Waasser?

Wat gedenkt d’Regierung ze maachen fir der Feinstaubbelaaschtung duerch Autoe mat enger Batterie entgéint ze steieren ?

Wat mëscht d’Regierung fir géint d’Verschmotzung, déi duerch duerch Zigarettenstëmp entsteet, virzegoen ?

Duerch d’Verlängerung vum Verbuet vu Klappjuegte riskéiert de Wëldschued op de landwirtschaftleche Flächen an nächster Zäit staark zouzehuelen. Ass et net méiglech de betraffene Baueren eng eemoleg Entschiedegung fir den entstanene Wëldschued op hirer landwirtschaftleche Flächen zoukommen ze loossen ?

Wäert am Joer 2021 bei der Eisebunn op glyphosathaltege Sprëtzmëttel respektiv op aanere Pflanzeschutzmettel verzicht ginn ?