Gesäit de Minister vir, dass national a regional Vëlosweeër an Zukunft zesummegeluescht ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur Vëlosinfrastruktur un de Minister fir Mobilitéit weider ze leeden.

An deene leschten Deeg gouf et rezent uerg Accidenter wou Vëlosfuerer schwéier blesséiert goufen. Och wann di meeschten Accidenter op der Strooss geschéien, sou sinn d’Vëlosweeër och net ëmmer méi sécher well do zu bestëmmten Zäiten extrem vill Trafic ass an sech ënnerschiddlechst Léit (Vëlosfuerer, Spadséiergänger, spillend Kanner, etc.) begéinen. Wéi de Mouvement Ecologique schreift wär eng méiglech Léisung d’Zesummeféiere vu regionalen a nationale Vëlosweeër. Sou géif engersäits de Vëlosreseau vergréissert an anerersäits manner Vëlosfuerer gezwonge ginn op de Stroossen ze fueren. Fir de Vëlo als Fortbeweegungsmëttel weider ze promovéieren, wier et och wichteg eng lokal Ulafstell ze schafen. Sou fuerdert de Mouvement Ecologique zum Beispill, dass an all Gemeng, eng Persoun verantwortlech fir di douce Mobilitéit misst sinn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un de Minister stellen:

  • Wat gedenkt de Minister ze maache fir d’Sécherheet op der Strooss an op de Vëlosweeër ze verbesseren?
  • Gesäit de Minister vir, dass national a regional Vëlosweeër an Zukunft zesummegeluescht ginn? Wann jo, wéini soll dat geschéien? Wann nee, wat sinn d’Grënn fir dës Entscheedung?
  • Tauscht sech de Minister reegelméisseg mat de Gemengen iwwert d’Vëlosinfrastruktur aus? Ass d’Schafe vun neie Plazen di sech em d’Foussgänger an d’Vëlosfuerer an de Gemenge këmmeren um Ordre du jour? Wann jo, wéi wëll de Minister d’Gemenge bei der Ëmsetzung vun dëse Projeten ënnerstëtzen?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck