Wier et net sënnvoll datt vulnerabel Leit déi geimpft sinn, systematesch an DBS-Tester geruff gi fir ze kontrolléieren ob si eng Immunitéit opgebaut hunn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Rezent war gewuer ze ginn datt 139 Patiente positiv op Covid-19 getest goufen nodeems si awer scho mindestens 14 Deeg virdrun hir zweet Impfung kritt hunn.

Et ass bekannt dass bäi Leit deenen hiren Immunsystem staark geschwächt ass, sief dat duerch eng Chemotherapie oder duerch Organtransplantatioun, keng richteg Immunitéit opgebaut gëtt. Hei besteet natierlech de Risiko datt vulnerabel Leit sech no der Impfung a Sécherheet spieren, obwuel si keng Antikierper no der Impfung opgebaut hunn.

An de Large Scale Test-Zentre kënnen d’Leit gratis serologesch Tester maachen, sougenannte „Dry Blood Spot“-Tester (DBS) fir no Antikierper ze kucke respektiv fir ze kucken ob bei geimpfte Persounen eng Immunreaktioun ausgeléist gouf oder net.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

  1. Unhand vu wéi enge Critèrë ginn Invitatioune fir DBS-Tester verschéckt ?
  2. Wier et net sënnvoll datt vulnerabel Leit déi geimpft sinn, systematesch an DBS-Tester geruff gi fir ze kontrolléieren ob si eng Immunitéit opgebaut hunn, respektiv datt si sech kéinte fräiwëlleg melle fir esou en Test?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                Claude Wiseler

Deputéiert                                         Deputéierten

Zréck