Ass d’Lëtzebuerger Regierung da gewëllt, mat eisen däitschen Nopere gläichzezéien an och hei am Land eng Prioriséierung vun de Policebeamten bei der Impfstrategie anzeféieren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech Fro un d’Madame Minister fir Gesondheet an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

An der RTL-Radiosendung „Invité vun der Redaktioun“ haut Freideg, de 7. Mee, um 8.10 Auer huet den CGFP-President Romain Wolff sech fir eng prioritär Impfung vun de Policebeamte staark gemaach. Den Här Wolff huet dobäi op Däitschland verwisen, wou eng Prioriséierung vun ënner anerem de Polizisten bei der Impfstrategie besteet, well si am Déngscht vun der Allgemengheet schaffen. Fir Lëtzebuerger Polizisten, déi am däitsche Grenzgebitt wunnen, bedeit dat, dass si vun den däitschen Autoritéiten invitéiert ginn, sech prioritär impfen ze loossen.

Virun dësem Hannergrond wéilte mir folgend Froen un d’Madame Minister fir Gesondheet an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen:

  • Kënnen d’Ministere confirméieren, dass Lëtzebuerger Polizisten, déi am däitsche Grenzgebitt wunnen, vun den däitschen Autoritéiten invitéiert ginn, sech prioritär impfen ze loossen?
  • Am Fall, wou dat sou ass, ass d’Lëtzebuerger Regierung da gewëllt, mat eisen däitschen Nopere gläichzezéien an och hei am Land eng Prioriséierung vun de Policebeamten bei der Impfstrategie anzeféieren?
  • Wa jo, firwat huet d’Regierung déi prioritär Impfung vun de Polizisten nach net decidéiert? A vu wéini un wier déi prioritär Impfung vun de Poliziste méiglech?
  • Wann nee, sinn d’Ministeren net der Meenung, dass d’Polizisten duerch d’Pandemie ënner nach méi schwéiere Konditioune musse schaffen an engem nach méi grousse Risiko ausgesat sinn?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Laurent Mosar                                       Léon Gloden

Deputéierten                                        Deputéierten

Zréck