Wann een dovun ausgeet datt d’Hausdéiere virum Staupe-Virus geschützt sinn, wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir ze verhënneren datt e groussen Deel vun der Fuusspopulatioun qualvoll um Staupe-Virus stierft?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung  an un d’Madamm Ëmweltminister weider ze leeden.

Gëschter war an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro gewuer ze ginn datt vu 35 Fuuss-Kadaveren der 18 positiv op de Staupe-Virus getest goufen. Dëse Virus, deen oft déidlech verleeft, trëtt bekanntlech beim Fuuss op, kann awer och op eis Hausdéieren iwwerdroe ginn. Doduerch datt notamment d’Hënn géint de Virus geimpft ginn, ass bis elo kee Fall vun esou enger Infektioun detektéiert ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un déi concernéiert Ministere stellen:

Wann een dovun ausgeet datt d’Hausdéiere virum Staupe-Virus geschützt sinn, wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir ze verhënneren datt e groussen Deel vun der Fuusspopulatioun qualvoll um Staupe-Virus stierft?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck