Firwat ginn d´AgentInnen an der Fonction publique net alleguer fräigestallt fir sech impfen ze loossen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d´Fonction publique weider ze leeden.

Mengen Informatioune no ginn am Kader vun der Impfcampagne d´AgentInnen a verschiddene Verwaltungen a Ministäre vun der Fonction publique net fir zwou Stonne fräigestallt, (sou wéi dat beispillsweis bei engem Rendez-vous beim Dokter de Fall ass) fir sech impfen ze loossen.

Ech wëll an dem Kontext folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann den Här Minister meng Informatioune confirméieren?
  • Wa jo, gëtt et do eng allgemeng Reegel fir all staatlech Verwaltungen a Ministèren?
  • Wa jo, firwat ginn d´AgentInnen an der Fonction publique net alleguer fräigestallt fir sech impfen ze loossen? Sinn eventuell Adaptatiounen un dëser Reegelung geplangt?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck