Eis Fraktioun Questions parlementaires Page 100 Questions parlementaires 16 November '21 Kann den Här Mobilitéitsminister confirméieren, dass eng Partie betraffe Leit Schwieregkeete mam Ëmgang mat der neier Adapto-App hunn ? Wa jo, wéi eng Mesuren gedenkt den Här Minister ze huelen, fir de Leit d’Situatioun ze vereinfachen? 15 November '21 Aus wéi engem Grond kréien aner Professiounen déi och a Kontakt sinn mat Patienten keng Booster Impfung offréiert, wëssend datt se sech selwer an awer och de Patient kënnen ustiechen ? 15 November '21 Huet d’Regierung eng Analyse gemaach betreffend der Infektiounslag zënter dem Schoulufank ? 15 November '21 Eisen Informatiounen no, hunn d’Gemengen keng Informatiounen iwwer Persoun, déi hir Walrecht geriichtlech oder anescht oferkannt kruten. Kënnen d’Madamm an den Här Minister mir erklären wéi d’Gemengen solle verifizéieren, dass déi betraffe Leit hir Walrecht net verluer hunn? Wéi kann ausgeschloss ginn, dass dës Persounen awer un der Kollekt deelhuelen? 13 November '21 Den Ëmweltministère plangt nei Natura-2000-Gebidder auszeweisen. Ginn d’Leit dës Kéier uerdentlech informéiert a participéiere gelooss? Mat wéi engen Oplagen mussen déi betraffe Leit an och d’Bauere rechnen? Ëmweltschutz ass wichteg. Awer nëmmen am Dialog mam Bierger. 12 November '21 Dubai 2020 soll eng Fënster sinn, fir Lëtzebuerg a seng Produktiounen engem Weltpublikum virzestellen. Da wär et dach normal, dat nëmme Lëtzebuerger Wäiner a Crémanten am Lëtzebuerger Pavillon ugebuede ginn. Aus wéi engem Grond ass dat net esou, a firwat ginn och Net-Lëtzebuerger Wäiprodukter ugebueden ? 12 November '21 Huet d’Regierung dervun Kenntnis geholl datt et zum Deel grouss Differenzen ginn wat d’Tariffer vum Transport an enger „Taxi-Ambulanz“ uginn, doduerch datt d’Tariffer net gereegelt sinn a jiddereen froen kann wat e well ? 11 November '21 A leschter Zäit ass d’Unzuel un Abréch ganz besonnesch d’Stad Lëtzebuerg staark an d’Luucht gaangen. Wéi gedenkt den Här Minister kuerzfristeg op dës Hausse un Abréch ze reagéieren ? 11 November '21 Kéint d’Regierung eventuell hir Meenung änneren an en “Kündigungsbutton” sou wéi an Däitschland aféieren, fir datt d’Rechter vun de Verbraucher gestäerkt ginn ? 10 November '21 Wäerte Leit ënner 30 Joer déi am medezinesche Beräich schaffe, kënne wiele mat wéi engem mRNA-Vaccin si sech impfe loossen oder gëtt de Moderna Vaccin souwisou net méi fir Leit ënner 30 Joer virgesinn, och fir eng zweet Booster-Impfung wann ee mam Johnson-Vaccin geimpft gouf ? 979899100101102103