Wéini an an wéi enger Reiefolleg ginn d’ Invitatiounen fir déi Jonk ab 12 Joer eraus ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

 

Den 7. Januar 2022 ass vum Regierungsrot zeréckbehale ginn, d’Boosterimpfung och vir déi Jonk ab 12 Joer opzemaachen.

Déi concernéiert Persounen géifen eng Invitatioun per Post geschéckt kréien.

 

An dësem Kontext wéilt ech gäre folgend Fro un d’Regierung stellen:

 

  • Wéini an an wéi enger Reiefolleg ginn d’ Invitatiounen fir déi Jonk ab 12 Joer eraus ?

 

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck