Op wéi enge wëssenschaftlechen Erkenntnisser baséiert d’Decisioun, fir keng Loftfilteranlagen an de Schoulen anzesetzen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch an den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

D’Omikron-Variant vum Covid-19-Virus verbreet sech weider rasant, och an de Schoulen. Fir deem entgéint ze wierken, huet den Här Educatiounsminister d’Decisioun geholl, dass am Klassesall nees de Masque muss ugehale ginn an dass och reegelméisseg muss gelëft ginn.

Den Asaz vu mobile Loftfilteranlagen ass fir den Här Educatiounsminister weiderhi keng Optioun, wéi d’Enseignantsgewerkschaft an engem rezente Communiqué schreift: „Eiser erneiter Fuerderung no Loftfilteranlagen an de Klassesäll huet de Minister allerdéngs eng kloer Ofso erdeelt, well dës Geräter sengem Kenntnisstand no keen zousätzleche Schutz zum reegelméissege Lëften duerstellen.“ Mobil Loftfilteranlagen kéinten awer grad an de kale Méint vum Joer eng punktuell Alternativ zum reegelméissege Lëfte sinn, an zwar ëmmer dann, wa wärend oder direkt nom Lëften Schüler am Klassesall sinn. An der Educatiounskommissioun sot den Här Minister op Nofro zu de Loftfilteren, dass hien sech hei no de Recommandatioune vun der Santé riicht.

Virun dësem Hannergrond an opgrond vun der Tatsaach, dass sech Enseignanten a Schüler an deels äiskale Klassesäll mussen ophalen, wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Educatiounsminister riichten:

  • Wat sinn déi rezent Recommandatioune vun der Madamm Gesondheetsministesch un den Här Educatiounsminister zu den aktuellen Anti-Covid-Mesuren an de Schoulen am Allgemengen an zu de mobille Loftfilteranlagen am Besonneschen?
  • Op wéi enge wëssenschaftlechen Erkenntnisser baséiert d’Decisioun, fir keng Loftfilteranlagen an de Schoulen anzesetzen?
  • Hunn d’Madamm an den Här Minister sech och mat de wëssenschaftlechen Expertisen zu de Virdeeler vu mobille Loftfilteranlage befaasst?
  • Wa jo, wéi eng wëssenschaftleche Expertise sinn dat?
  • Wann net, firwat gouf sech net mat dëser Léisung ausernee gesat?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck