Ass de Rapport vum Comité interministériel iwwert d’Suergfaltfliicht an d’Liwwerkettegesetz scho prett?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Mënscherechter an der Suergfaltfliicht am Kader vun engem Liwwerkettengesetz un de Minister fir Aussepolitik, Immigratioun an Asyl weider ze leeden.

Säit kuerzem gëtt et an der Schwäiz e Liwwerkettengesetz . An Holland steet esou en Gesetz elo och am Koalitiounsaccord vun der neier Regierung. Hei zu Lëtzebuerg waarde mir nach ëmmer op eng europäesch Reglementatioun. Sou koum et an der Vergaangenheet ëmmer rëm zu enger Rei Fäll wou d’Suergfaltfliicht vun Entreprisë mat engem Sëtz zu Lëtzebuerg verletzt gouf. Sou gouf Cargill zum Beispill als di „schlëmmst Entreprise vun der Welt“ vun der ONG Mighty Earth bezeechent well se konstant  Mënschen- a Kannerrechter mëssbraucht, d’ekologesch Ressource ausgebeut a gesondheetlech héich bedenklech Praktiken ugewannt hunn. Ee méi rezent Beispill ass de Fall vu CAE Aviation deen am Pressecommuniqué vun der Initiativ Devoir de vigilance Luxembourg largement diskutéiert gouf.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un de Minister stellen:

  • Wéi gesäit den Här Minister d’Situatioun vun engem nationale Gesetz fir Lëtzebuerg, nodeems op europäeschem Niveau d’Initiativ eng weider Kéier verréckelt ginn ass?
  • Ass de Rapport vum Comité interministériel iwwert d’Suergfaltfliicht an d’Liwwerkettegesetz scho prett? Wéini rechent den Här Minister mat der Fäerdegstellung vum Rapport?
  • Soll dëse Rapport public gemaach ginn ?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck