Wéini genau soll e PMR-gerechte Passage tëscht der Allée Drosbach/Rue Auguste Scholer an der Rue des Scillas nees hirgestallt sinn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un déi Häre Ministere fir ëffentlech Aarbechten respektiv fir Landesplanung weiderzeleeden.

De Bau vun der neier N3 mam nërdlechen an dem zentrale Module geet gutt weider. Den zentrale Module um Houwald am Rangwee an an der Rue des Scillas mécht de Planer awer esou munch Kappzerbrieches. Déi kruzial Phas vun de Planungs- an Ëmsetzungsaarbechten fänkt an de kommende Méint un. D’Ëmsetzungsaarbechte wäerten eng Rei vu Spärunge mat sech bréngen, déi ganz kloer eng negativ Inzidenz op d’Gewunnechte vun den Urainer aus de Quartiere ronderëm an och op d’Beruffswelt wäerten hunn.

Well dëse Planning an dës Ëmsetzung ganz komplex sinn, wollt ech an deem Kontext e puer Froen un déi Häre Ministere fir ëffentlech Aarbechten respektiv fir Landesplanung stellen:

  • Den aktuelle Phasage vun den Aarbechten gesäit zur Zäit e puer Vollspärungen vu verschiddene Stroosse vir. En plus sinn dës Vollspärungen zäitlech versat an an de Summerméint schéngt de Chantier komplett op Äis geluecht ze ginn. An dësem Kontext wollt ech de Minister froen, ob et net ubruecht wier, fir op dëser zentraler Verkéiersplaz – wou ënnert anerem och de CNIS, den Zentrum vum nationale Rettungswiesen, ugesidelt ass – eng Dérogatioun bei der ITM unzefroen, fir iwwert d’Summerméint kënnen ze schaffen? Et schéngt mir onverständlech, datt wärend der verkéierstechnesch rouegster Zäit vum Joer op dëser vitaler Plaz net däerf am Summercongé geschafft ginn.
  • Ginn d’Awunner aus de Gemenge Lëtzebuerg an Hesper a reegelméissegen Ofstänn iwwer Pressecommuniqué oder iwwer eng aner Informatiounsquell vu Säiten vum zoustännegen Ministère informéiert, wéi den Oflaf vun dësem Chantier wäert sinn?
  • Gëtt d’Rue des Scillas um Houwald elo am Kader vun de Bauaarbechten esou ëm- an ausgebaut, wéi et ursprénglech och geplangt wor?
  • Ass aus landesplanerescher Siicht  een alternative Site fonnt ginn, op deem d’Entreprise “Bétons Feidt” an Zukunft mëttel- oder laangfristeg hir Produktioun vu recycléierbarem Beton, mat engem neien nohaltege Konzept, ka viruféieren?
  • Bis wéini sollen d’Aarbechten hannert den Häiser an der Rue Auguste Scholer ofgeschloss sinn?
  • Ass een adequate Schallschutz fir d’Awunner vun dëser Strooss virgesinn?
  • Wéini genau soll e PMR-gerechte Passage tëscht der Allée Drosbach/Rue Auguste Scholer an der Rue des Scillas nees hirgestallt sinn?
  • Den Tennis Houwald verléiert am Kader vun den Ëmbauaarbechten an der Rue des Scillas eng sëlleche Parkplazen ronderëm d’Enceinte vum Club.  Wéi wäit ass den zoustännege Ministère mat der Planung an der Ëmsetzung vun alternative Parkplazen, déi de Membere vum Veräin sollen zougänglech gemaach ginn?
  • Wéini ass domat ze rechnen, datt dës Alternativ funktionell wäert sinn?
  • Ass de Staat gewëllt, aus engem Provisorium och ee funktionellen dauerhaften Zoustand ze maachen, wëssend datt d’Existenz vun engem Veräin hei um Spill steet a wëssend datt de Staat op Grond vu staatlechen Infrastrukturprojeten verantwortlech ass fir d’Wechfale vu sëlleche Parkplazen ronderëm d’Areal vun dësem Veräin?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck