Ass d’Madamm Ministesch sech der Urgence nom Bau vun zousätzleche Strukturen respektiv dem Ëmbau vu bestoenden Immobilien fir Jugendlech, deenen méi schwéier Vergoen zu Laascht geluecht ginn, bewosst ?

Här Präsident,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, wéilte mir eng dringend parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch an un den Här Policeminister stellen.

An engem Communiqué vum 9. Januar schreift d’Police, dass sech an der « Unité de sécurité-UNISEC » am CSEE zu Dräibuer ee Grupp vu Jugendlechen geweigert hunn, an hir Zellen ze goen. Nodeems d’Policebeamten op der Plaz versicht hunn ze vermëttelen, fir déi Jugendlech dozou ze bréngen an hir Zëmmeren ze goen, hunn dës an der Folleg Géigestänn op d’Beamten geworf a se sinn och handgräiflech ginn. Dobäi goufen 3 Policebeamte verletzt.

Zwee vun deene 6 Jugendlechen goufen op Uerder vum Parquet op Schraasseg an de Prisong bruecht. 4 Mataarbechter vun der UNISEC a 3 Jugendlecher hu missen fir eng Kontroll an d’Klinik. Och koum et zu erhieflechem materielle Schued.

Opgrond vun dësem Virfall wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Ministesch an un den Här Minister stellen :

  • Sinn et speziell Grënn ginn, firwat sech déi 6 Jugendlech dogéint gewiert hunn, fir an hir Zell zréck ze goen ? Huet sech de Konflikt tëscht dëse Jugendlechen an dem Personal vun der UNISEC an iergendenger Manéier am Virfeld schonn ugekënnegt gehat ?

 

  • Koum et zu änleche Virfäll an der rezenter Vergaangenheet,wou d’Mataarbechter vun der UNISEC um Punkt waren d’Police ze ruffen, et awer net gemaach oder gebraucht hunn?

 

  • Wéi eng Faiten ginn deene 2 Jugendlechen, déi an de Prisong op Schraasseg verluecht goufen, à la base reprochéiert ?

Den Transfert vu Jugendlechen op Schraasseg werft op en Neits déi leideg Fro op, ob Jugendlecher op Schraasseg gehéieren. An d’Äntwert ass do kloer, obschonn d’Gesetz sou Transferten erméiglecht.

  • Ass d’Madamm Ministesch sech der Urgence nom Bau vun zousätzleche Strukturen respektiv dem Ëmbau vu bestoenden Immobilien fir Jugendlech, deenen méi schwéier Vergoen zu Laascht geluecht ginn, bewosst ?

 

  • Wou ass d’Planung no dëse Strukturen oder d’Sich no Gebailechkeeten drun, wëssend dass sou Projeten net vun haut op muer kënne realiséiert ginn ?

D’Madamm Ministesch huet sech fir 2021 d’Fäerdegstellen vun de Gesetzesprojeten iwwer de Jugendschutz an d’Jugendstrofrecht virgeholl gehat.

  • Wéini beabsichtegt d’Madamm Ministesch d’Chamber mat engem oder zwee Gesetzesprojet(en) iwwer de Jugendschutz respektiv d’Jugendstrofrecht ze saiséieren ?

 

Mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Octavie Modert

Deputéiert

Léon Gloden

Deputéierten

 

 

Zréck