Groussen Undrang a laang Waardezäiten fir PCR-Tester an de Covid-19-Testzentren a Laboratoiren: Wat geschitt, wann d’Neiinfektiounen op 5000 bis 7000 den Dag erop ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

De Ament sinn eis Covid-19 Testzentren, wéi och d’Laboratoiren vir d’PCR-Tester iwwerlaf. Deemno, mussen d’Leit stonnelaang waarden bis se un hiren Tour kommen.

Vue datt de Pic vun den Covid-Infektiounen, laut de Virologen, fir Enn Januar virgesinn ass mat engem „worst case“ vun 5000-7000 Neiinfektiounen pro Dag, wéilt ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Kann d’Regierung mech informéieren, ob genuch Teststatiounen duerch d’ganzt Land verdeelt ginn ? Wouhin kommen dës Statiounen ?
  • Si genuch PCR-Tester disponibel, am Fall wou mer 5000-7000 Neiinfektiounen pro Dag registréieren ?

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

Georges Mischo

Deputéierten

Zréck