Deputéiert


Marc Spautz

Alter: 61
Sektioun: Schifflange
Bezierk: Sud

Email: [email protected]

Comitéen
  • Comité Section CSV: Vice-Président
  • Comité Circonscription CSV: Membre
  • Comité National CSV: Membre
Mandater
  • Député National
  • Echevin
  • Candidat élections communales 2023
Funktiounen
  • Fraktiounspresident
  • ancien Ministre de la Famille
  • ancien Ministre de la Coopération
  • Président CSV 2014-2019
    Kommissiounen
    • Commission de contrôle parlementaire du Service de renseignement de l'État
    • Commission du Règlement
    • Commission de la Santé et de la Sécurité sociale
    • Commission de la Fonction publique
    • Commission du Contrôle de l'exécution budgétaire
    • Commission des Finances
    • Commission du Travail
    Biographie
    Opgewuess ass de Marc Spautz zu Schëffleng, wou hien och haut nach wunnt. Seng knapp Fräizäit gehéiert senger Famill a sengen Frënn. E flott gemittlecht Zesummesinn bei engem gudden Iessen an engem Patt zielt fir de Marc zur Liewensqualitéit. Fir nei Energie an frëschen Enthousiasmus ze tanken spazéiert de Marc duerch Schëfflenger Bëscher oder awer verdéift sech an eng interessant Lektür.

    De Kontakt zum Bierger ze fleegen an op all Fro och eng Reckmeldung ze ginn ass eng vun de politeschen Prioritéiten vum Marc Spautz.

    De Marc Spautz ass geléierten Autosmechaniker, huet sech awer gläichzäiteg an eng gewerkschaftspolitesch Richtung orientéiert an entwéckelt. „Eng Aarbechtsplaz fir jiddereen“ ass eent vun de Grondrechter fir dat sech de Marc vehement asetzt. Säit senger Jugend ass de Marc an der CSV aktiv. Als Deputéierten um Krautmaart kann hien kombinéiert Sozialpolitik matgestalten an ëmsetzen.

    De 14. November 2009 gett den Marc Spautz um Nationalkongress zum neien Generalsekretär vun der CSV gewielt.

    Nom Doud vum Lucien Thiel gouf de Marc Spautz den 11. Oktober 2011 zum néien Fraktiounspresident vun der CSV gewielt.

    De 24.November 2011 gouf de Marc Spautz als Schëffe vun der Gemeng Schëffleng vereedegt.

    Am Kader vun enger Regierungsembildung ass de Marc Spautz de 27. Abrëll 2013 vum Premierminister Jean-Claude Juncker an Regierung nominéiert ginn.

    Hien krut Ressorten vun der Famill, der Kooperatioun a de Relatioune mam Parlament zougedroen.

    De 30. Abrëll 2013 gouf de Marc Spautz offiziell vum Grand-Duc vereedegt.

    Bei de Wahlen vun Oktober 2013 ass de Marc Spautz rem als Deputeierten an Chamber gewielt ginn.

    Am Februar 2014 ass hien zum CSV Parteipresident gewielt ginn. Dest Mandat huet hien bis Enn Januar 2019 ausgeübt.

    Bei de Wahlen vun Oktober 2018 ass de Marc Spautz als 1. Gewielten am Bezierk Süden als Deputeierten an Chamber gewielt ginn.

    Vum Abrëll 2021 bis Oktober 2023 huet hien de Posten vum Vize-Président vun der Chamber bekleet.

    Bei de läschten Chamberwahlen vun Oktober 2023 ass de Marc Spautz erëm confirméiert ginn an ass zum neie Fraktiounspresident vun der CSV gewielt ginn