2012, e Schlësseljoer fir eist Land

Den CSV Generalsekretär Marc Spautz an enger fräier Tribune op RTL 92,5 a Radio 100,7

2012 wäert e Schlësseljoer sinn. Virop op europäeschem Plang. Europa muss 2012 de Wee zrëck zu finanzpolitescher Stabilitéit fannen. 

An dem Sënn mussen d‘Grondsaz-Decisiounen vum EU-Sommet Ufank Dezember elo op eng resolut Aart a Weis ëmgesat ginn. Nëmmen als Wirtschaftsraum mat gemeinsamen a verbindleche Regelen kann Europa am globale Wettbewerb mathalen. Dofir gëtt et och zum Euro keng Alternativ. 

Finanzpolitesch Stabilitéit ass och fir Lëtzebuerg gefrot. D’CSV wäert weider op eng equilibréiert finanziell Situatioun vun der ëffentlecher Hand hischaffen, fir ze verhënneren, datt Lëtzebuerg a seng Leit enges Daags mam Réck esou zur Wand stinn wei dat haut a Griichenland de Fall ass. D’CSV setzt sech an, datt eis Kanner a Kandskanner Perspektiven hunn a si hiren Haapteffort net mussen drop leeën, eis Scholden zréckzebezuelen. 

2012 wäert och e Schlësseljoer fir d’Zukunft vun eisem Sozialmodell sinn. D’Tripartite konnt virun e puer Wochen net mat Succès zu engem Enn bruecht ginn. Muenchereen huet elo schon’s d’Enn vun der Tripartite ausgemaach. Wat awer a Plaz soll kommen, huet nach kee gesoot.
Et soll e net vergiessen, datt de soziale Fridden en Haaptpilier vum sozialen a wirtschaftleche Succès zu Lëtzebuerg ass a bleift. D’CSV vergësst dat op alle Fall net an dofir setzt si sech an, datt de Sozialdialog, den am Ablack d’Grippe huet, sech 2012 erëm erkritt. Dat e sech dobäi u nei Gegebenheeten muss upassen, ass net auszeschléissen. 

D’CSV begréisst besonnesch, datt d’Regierung nom Ofbroch vun der Tripartite d’Hänn net an de Schous geluecht huet, mais séier eng Reih vun Décisioune getraf huet. 

D’Entlaaschtung vun de Betriber an den Ofbau vum Käschtendrock, den op hinne laascht, ouni de Prinzip vum Index-System a Froe ze stellen, ass e Schratt an di richteg Richtung. E richtege Schratt ass et och, eng Politik fortzesetzen vu méi cibléierten soziale Leeschtungen. 

Et geht hei net em Ofbau, et geht hei drëm bei enger Reih vu sozialen Automatismen de Fouss vum Gas ze huelen ihr mer alleguer an der Sackgaass stinn. 

D’CSV huet et scho klipp a kloer gesot : Wann d’Tripartite zu kengem Resultat kennt an d’Regierung dorop hinn hir Responsabilitéit hëlt, kann si op di aktiv Mataarbecht vun der CSV zielen. 

Di europäesch Scholdekris, d’Konsolidéierung vun den ëffentleche Finanzen, e fonctionnéirenden Sozialdialog …, et sinn dës dräi vun den Erausfuerderungen di dat neit Joer zu engem Schlësseljoer maachen. Awer och aneren Erausfuerderungen wei z.B. dem Chômage, musse mir eis resolut stellen. 

2012 gëtt keen einfacht Joer, mais ech sinn zouversichtlech, datt mir mateneen di richteg Léisunge fannen.

Marc Spautz, CSV Generalsekretär