Questions parlementaires

Ass d’Regierung bereet, fir d’Käschte vum Vaccin Shingrix vun deene Leit ze iwwerhuelen, déi sech tëschent dem 26. September 2022 an dem 31. Mäerz 2023 géint Gürtelros impfe gelooss hunn?

Goufen an de Joren 2021 an 2022 präzis Instruktiounen un d’Fiechteren an aner concernéiert Léit gemaach, datt d’Fotovoltaikpanneau’en musse platt opgeriicht ginn?

Kréien d’Fondatiounen oder soss Organisatiounen eng Bäihëllef wann si Fläche kafen, déi a Schutzgebidder leien? Wéi eng Bäihëllefe kréien si am allgemenge fir dës Flächen?

Wéi eng RGD’en goufen am Naturschutzgesetz vun 2018 bzw. am modifizéierten Naturschutzgesetz vun 2022 nach net ëmgesat?

Firwat gëtt d’Regierung eng eegen Etude an Optrag a waart net, bis déi fir Juli ugekënnegt Resultater vun der grousser Etude vun der Europäeschen Agence  fir Liewensmëttelsécherheet (EFSA) publizéiert ginn, an der d’Risike vum Glyphosat fir d’Mënschen, d’Déieren a fir d’Ëmwelt ënnersicht ginn?

Wat mécht d’Regierung konkret, fir der genereller Penurie un Dokteren entgéintzewierken?

Wat wëll d’Regierung maachen, fir déi denkmalgeschützte Kalléksiewen zu Rëmeleng ofzesécheren a laangfristeg ze erhalen?

Wéi vill Leit sinn hei zu Lëtzebuerg vu Lipödem betraff?

Stëmmt et, datt an eenzele Klinicke keng Scannere méi gemaach ginn, bis de Patient en negativen Test virweise kann?

Kann d’Regierung confirméieren datt Diskussioune lafen fir d’wéchentlech Kinéssëtzungen fir Persounen déi un enger „pathologie lourde“ leiden ob maximal 3 Seancen ze begrenzen ?