Wou sinn d’Aarbechten zum Gesetzestext, iwwer e Verbuet vu chirurgesch Agrëffer un de Geschlechtsorganer vu Mannerjäreger, drun?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d‘Madamm Justizministesch, d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Edukatiounsminister weiderzeleeden.

Wann engem Kand säi Geschlecht net kloer festzeleeën ass wéinst variabele Geschlechtsmierkmoler, kann et virkommen, datt chirurgesch Agrëffer a medezinesch Operatiounen un de Geschlechtsorganer vu Mannerjäreger virgeholl ginn.

Dëst ass e grousse Probleem fir d’LGBTIQA+ Communautéit an ass net am Sënn vun der Selbstbestëmmung vun de transgeschlechtleche Mënschen an der Depathologiséierung vun der Transsexualitéit.

Op meng Fro den 19. Mee 2022 op der Chamberstribün no engem Verbuet vun esou Agrëff bäi Mannerjäregen, huet d’Madamm Justizministesch mir geäntwert, datt un engem entspriechende Gesetzestext geschafft giff ginn.

An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d‘Madame Justizministesch, d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Edukatiounsminister stellen:

  • Wou sinn d’Aarbechten zu engem  entspriechende Gesetzestext drun?
  • Wéini kann deen Gesetzesprojet der Chamber virgeluecht ginn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Octavie MODERT

Deputéiert

Zréck