Ass d’Regierung sech bewosst, datt et zu enger Ongläichbehandlung vun de Bauere kënnt, déi fräiwëlleg op Glyphosat verzichten, jee nodeems, op si bei der aler Landschaftfleegeprimm oder bei der d’Nofolgerprimm matmaachen?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

 

Nodeems de Verbuet vum Glyphosat wéinst dem Urteel vun der Cour Administrative vum 30. Mäerz 2023 nees opgehuewe ginn ass, huet de Landwirtschaftsministère de 27. Abrëll an engem Communiqué matgedeelt, datt fir Betriber, déi bei der aler Landschaftsfleegeprimm matgemaach hunn, nees de fräiwëllege Verzicht op de Glyphosat gëllt, dat esou laang, bis hire Kontrakt ausleeft. An deem Fall kréien si den Top-up op der Primm, also eng Entschiedegung pro Kulturjoer vun 30 Euro pro Hektar Akerland respektiv 100 Euro pro Hektar Uebstbaufläch. Weider heescht et am Communiqué, datt d’Primm réckwierkend op d’Kulturjoren 2020/2021 an 2021/2022 ausbezuelt gëtt.

Betriber, déi sech bewosst fir d’Nofolgerprimm “Förderprämie zum Einstieg in eine nachhaltige und umweltfreundliche Landwirtschaft” entscheet haten, obwuel hiren ale Kontrakt nach net un d’Enn vun der 5-Joresperiod ukomm war, kënnen zwar nom Urteel fräiwëlleg op de Glyphosat verzichten, si kommen allerdéngs net an de Genoss vum Top up. Si kënnen och, genee wéi déi Betriber an der aler Landschaftsfleegeprimm, beim Eco-scheme vun de „Big movers“ matmaachen ouni Ofzuch, ma des Optioun geet vill méi wäit wéi de Glyphosat-Verzicht an ass och méi schwéier ëmsetzbar.

 

An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

  • Ass d’Regierung sech bewosst, datt et zu enger Ongläichbehandlung vun de Bauere kënnt, déi fräiwëlleg op Glyphosat verzichten, jee nodeems, op si bei der aler Landschaftfleegeprimm oder bei der d’Nofolgerprimm matmaachen?
    • Wa jo, wat wëllt d‘Regierung dogéint maachen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck