Wéi eng Méiglechkeeten an Instrumenter hunn déi ëffentlech Schoulen, fir op Mobbing-Attacken op Schüler, déi vun Enseignanten ausginn, ze reagéieren?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

An de Lëtzebuerger Schoule kënnt et ëmmer nees zu Fäll vu Mobbing. Mengen Informatiounen no huet rezent d‘Elterevereenegung vun engem Lycée sech souwuel un d‘Direktioun wéi och un de Ministère gewannt, wéinst engem Fall vu Mobbing vun engem Enseignant vis-à-vis vu Schüler.

Vum Ministère selwer krut d‘Elterevereenegung bis elo nach keng Réckmeldung, dofir awer vun der Direktioun: Hir wieren an sou Fäll d’Hänn gebonnen, heescht et. Et gëtt op de Ministère verwisen, deen der Direktioun géif soen, déi betraffen – mannerjäreg –- Schüler missten alleguer eng „Attestation sur l’honneur“ ausfëllen.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Ass dem Här Minister de beschriwwene Fall bekannt?
    • Wa jo, wéi huet hie reagéiert respektiv wéi gedenkt hien ze reagéieren?
    • Kann hie confirméieren, dass vun de betraffene Schüler eng „Attestation sur l’honneur“ verlaangt gëtt?
  • Ganz allgemeng, wéi eng Méiglechkeeten an Instrumenter hunn déi ëffentlech Schoulen, fir op Mobbing-Attacken op Schüler, déi vun Enseignanten ausginn, ze reagéieren?
  • Wéi eng Roll wäert den „Child Protection Officer“, dee vun der Rentrée un an de Schoulen zum Asaz soll kommen, bei Mobbing-Attacke vun Enseignanten op Schüler spillen a wéi wäit geet säin Handlungsspillraum?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck