An Däitschland ass e Meedchen nom Konsum vun enger besonnesch staarker Extasy-Pëll „Blue Punisher” verstuerwen. Circuléiert déi genannten Drog och zu Lëtzebuerg an si scho Jonker wéinst dëser hospitaliséiert ginn?

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet, un d’Madamm Gesondheetsministesch an un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

 

Wéi divers däitsch Medie mellen, ass de 26. Juni 2023 en 13 Joer aalt Meedchen zu Altentreptow (D), nom Konsum vun enger besonnesch staarker Extasy-Pëll, verstuerwen. Wéi et vun den zoustännegen Autoritéiten heescht, hätt et an deene leschten Deeg nach weider Fäll gi wou Jonker vu 14, respektiv 15 Joer, sou eng Pëll vun der enorm staarker Extasy-Zort „Blue Punisher” consomméiert hunn, an doropshin hu missen hospitaliséiert ginn. Och an dëse Fäll si massiv gesondheetlech Komplikatiounen opgetrueden an déi Concernéiert waren, respektiv sinn, a Liewensgefor.

 

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet, un d’Madamm Gesondheetsministesch an un d’Madamm Justizministesch stellen:

 

  • Ass dem Minister fir bannenzeg Sécherheet déi uewe genannten Drogen-Problematik bekannt?
    • Circuléiert déi genannten Drog och zu Lëtzebuerg?
    • Sinn am Zesummenhang mat där genannter Drog scho Jonker zu Lëtzebuerg hospitaliséiert ginn?

 

  • Kann d’Regierung eis soe wéi vill Mannerjäreger an deene leschte Jore generell wéinst Drogen an d’Klinik ageliwwert gi sinn?
    • Ëm wéi eng Drogen handelt et sech dobäi haaptsächlech?

 

  • Wat gedenkt d‘Regierung ze maachen, fir déi Jonk nach méi konsequent a punkto Drogen ze sensibiliséieren?

 

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt, ép. Kemp

Deputéiert

 

Zréck