Wéi huet sech d’Schülerunzuel an der „Formation professionnelle“ an deene leschte fënnef Joer entwéckelt – opgeschlësselt no Joer an no de respektiven Diplomer CCP, DAP an DT?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Dem Lëtzebuerger Handwierk feelen a ville Beräicher genuch qualifizéiert Aarbechtskräften. Mat ee Grond dofir ass, dass sech ëmmer manner Schüler fir eng Beruffsausbildung decidéieren.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Wéi huet sech d’Schülerunzuel an der „Formation professionnelle“ an deene leschte fënnef Joer entwéckelt – opgeschlësselt no Joer an no de respektiven Diplomer CCP, DAP an DT?
  • Wéi huet sech d’Schülerunzuel an der „Formation professionnelle“ an deene leschte fënnef Joer entwéckelt – opgeschlësselt no Joer an no Metier?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktionspresidentin

Zréck