Kann de Minister eis aktuell Zuelen zu den Accidenter am Kader vun der Mobilité douce liwweren an erkläre wéi dës zënter 2018 evoluéiert hunn?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

Op enger Pressekonferenz vum 22. Juni 2023, huet den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten Informatiounen zu de Verkéiersaccidenter mat motoriséierte Gefierer ginn. Nieft den Accidenter mat motoriséierte Gefierer ginn a goufen et der awer och mat net-motoriséierte Gefierer.

 

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Kann de Minister eis aktuell Zuelen zu den Accidenter am Kader vun der Mobilité douce liwweren an erkläre wéi dës zënter 2018 evoluéiert hunn?
  • Kann de Minister eis oplëschten wéi bei dësen Accidenter d’Verdeelung vun den Transportmëttel (Vëlo, Trottinette, E-Bike, etc.) war?
  • Wat waren d’Ursaache vun dësen Accidenter a wéi vill dovu waren déidlech?
    • A wéi ville Fäll waren drëtt Persounen involvéiert?

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt, ép. Kemp

Deputéiert

Zréck