Questions parlementaires

Déi aktuell Kris huet d’Asyl-Demande zu Lëtzebuerg verréngert. Wéi vill Plaze fir Flüchtlingen sinn doduerch an de Foyeren fräi ginn ? Wéi vill vun hinne konnte schonn an eng Wunneng anzéien ?

Eis Universitéit iwwerleet eng Software anzeféieren, fir d’Studenten wärend den Examen ze iwwerwaachen. Dës Software kann op d’Kamera an de Mikro vun de Studenten zougräifen an analyséiert hier Donnéeë mat kënschtlecher Intelligenz. Ass hei séchergestallt datt den Dateschutz vun de Studenten respektéiert gëtt ? 

Et huet sech rausgestallt datt al Ventilatiounssystemer (VMC), mat deenen d’Loft puermol an de Raim zirkuléiert, de Virus och kënne matzirkuléiere loossen a sou d’Ustiechungsgeforen erhéijen. Huet d’Regierung hei néi Recommandatiounen fir d’Bedreiwer vu Gebaier mat VMC fir datt si d’Ustiechungsgefore minimiséiere kënnen ?

Vu wéi engen finanziellen Hëllefen kënnen d’Campingbedreiwer aktuell profitéieren? Gëtt et doriwwer eraus eng spezifesch Relance-Strategie vun der Regierung fir de Secteur vum Camping-Tourismus? Wa jo, Wéi gesäit déi aus?

Vill Associatiounen misste hier Aktivitéite wéinst dem Covid-19 staark oder ganz aschränken. Huet d’Regierung fir dës Associatiounen finanziell ze ënnerstëtzen. Wa jo, wéi gesäit dës Ënnerstëtzung aus ?

Kann den Här Minister vir bannenzeg Sécherheet mir soen, wéini hien envisagéiert de Projet fir d‘Kompensatioun vun der Aarbechtszäit fir Polizisten déi op Schichte schaffen, ze deposéieren ?

Kann d’Madamm Ministesch eis soen, ënner wéi enge Bestëmmungen a Konditiounen Concert’en oder Festivallen kënnen organiséiert ginn ? 

Kann d’Madamm Familljeministesch confirméieren datt eeler Leit aus de Maisons de soins, ënner der Responsabilitéit vun de jeeweilegen Direkteren, hier Famillje fir e puer Stonne besiche goen ouni datt si dono a Quarantän musse gesat ginn ? Wa jo, sinn déi betraffe Strukture schrëftlech doriwwer informéiert ginn ?

Firwat huet d’Regierung decidéiert datt den zentraliséierte Versuergungssystem fir Protektiounsmaterial fir Alters- a Fleegeheemer geschwënn ofgeschaaft gëtt ?

D’sanitär Kris hat e staarken Impakt an eise Prisongen. Wéi eng Moossnamen gesäit d’Madamm Ministesch vir fir d’Stëmmung an den Prisongen ze verbesseren ? Hunn d’Prisonéier d’Méiglechkeet fir Masken, Händchen an desinfizéier Gel ze kréien ?