Firwat wosst d’Regierung ob d’Fro, wéi vill Grenzgänger nom 27. August positiv op de Covid-19 getest goufen, keng Äntwert ?Assuréiert d’Regierung nach weiderhin de Monitoring vun den Infektiounszuelen vun de Grenzgänger?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Laut engem Artikel vum tageblatt titeléiert „Aus dem Tiefschlaf aufgewacht – Die EU-Kommission will plötzlich Risiko-Kriterien“, geet ervir dass d’Regierung, déi Enn August d‘Donnéen vun deene mam Covid-19 infizéierten Grenzgänger aus sämtlechen ëffentlechen Statistiken erausgeholl huet, op d’Nofro vum tageblatt wéi vill Grenzgänger nom 27. August positiv getest goufen, keng Äntwert konnt ginn.

Aus dëse Grënn wëlle mir folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung confirméieren dass se ob d’Fro wéi vill Grenzgänger nom 27. August positiv op de Covid-19 getest goufen keng Äntwert ginn huet oder konnt ginn?
  • Falls jo, kann d’Regierung erklären aus wéi engem Grond se des Fro net beäntwert huet oder beäntwerte konnt?
  • Assuréiert d’Regierung nach weiderhin de Monitoring vun den Infektiounszuelen vun de Grenzgänger? Vue dass Donnéeë vun deene mam Covid-19 infizéierten Grenzgänger aus den ëffentlechen Statistiken erausgeholl gi sinn, huet d’Regierung separat Statistiken iwwert Infektiounszuelen vun de Grenzgänger?
  • Falls jo, wéi vill Grenzgänger si nom 27. August positiv getest ginn?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                                                       Marc Spautz

Deputéiert                                                                               Deputéierten

Zréck