Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen mat der geféierlecher Verkéierssituatioun Schëffleng-Féitz a Richtung Stad?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.
D’Verkéierssituatioun am Süde vum Land, notamment op der A4 tëscht Monnerech an Esch stellt sech an de leschte Wochen a Méint extrem komplizéiert a geféierlech duer an et ass och schonn zu Accidenter komm. D’Landstrooss Schëffleng-Féiz ass zou an eng Deviatioun vun der A13 op d’A4 Richtung Féiz ausgeschëldert. Zäitgläich ass den CR 169 Steebrécken-Leideleng nach bis den 19. Oktober gespaart. Op der Dräikantonsstrooss zu Steebrécken a Richtung Recken ass dann eng Spuer gespaart an de Verkéier gëtt mat roude Luuchte gereegelt.
An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
Ginn et  Ännerunge virzegesinn fir den totale Verkéierschaos am Raum Steebrécken-Féiz ab der Schoulrentrée ze verhënneren?
Wat gedenkt d‘Regierung ze machen fir déi geféierlech Situatioun op der Escher Autobunn A4 Richtung Lëtzebuerg op der Héicht vu Féitz ze entschäerfen ?
Wéi eng zousätzlech Sécherheetsmossnamen kéinten op der A4 tëscht Monnerech an Esch geholl ginn?
Zu wéi villen Accidenter ass des Verkéierssituatioun, notamment op der A4 tëscht Monnerech an Esch scho komm ?
Goufen all dës Chantiere koordinéiert an hätt een dëst net missten am Virfeld anescht organiséieren?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt ép. Kemp
Deputéiert

Zréck