Eis Fraktioun Questions parlementaires Page 157 Questions parlementaires 29 Juni '20 Sinn d’Ministeren a Gespréicher mat den Dirigenten vu Guardian Lëtzebuerg fir d’Zukunft vun hirer Produktioun zu Lëtzebuerg ze sécheren? Ass d’Regierung am gaangen ze préiwen wéi eng Mëttelen hinnen zur Verfügung stinn fir de Standuert Lëtzebuerg ze erhalen? 29 Juni '20 Wéi gedenkt d’Regierung den Interim ze reforméieren ? Ass et méiglech e CDI vir Travail interimaire anzeféieren ? 26 Juni '20 Wat gëllt, d’Simulatioune vun der Uni oder d’Ausso vum Bildungsminister ? Huet d’Zesummeleeë vun de Klassen elo e staarken Afloss op d’Verbreedung vum Virus oder net ? 25 Juni '20 Gëtt et momentan e Problem bei der Versuergung mat Impfstoffer wat Kannerdokteren ugeet ? Wa jo, wourop ass dat zréck ze féieren a wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir datt et an Zukunft net méi zu esou Enkpäss kënnt ? 24 Juni '20 Wéi hunn déi Lycéeën reagéiert an deene Schüler positiv getest goufen ? Sinn dës Schüler an Isolatioun a wéi huet d’Prozedur fir dëse Schüler hir Klassenkolleegen ausgesinn ? 22 Juni '20 “Restart Sports”. Wéini ginn d’Hëllefen ausbezuelt a wat geschitt duerno mat den Donneën (Bilan) déi d’Veräiner era reeche mussen? 22 Juni '20 Subsid fir Velo a Pedelec : Firwat kënnen d’Betriber net dovunner profitéieren ? 20 Juni '20 Muss d’Schoul sech un déi gesetzlech Konditiounen halen an eng Maskeflicht fir Kanner vun iwwer 6 Joer aféieren ? 20 Juni '20 Wéini kënnen Alters- a Fleegeheimer rëm Visitten an den individuelle Kummeren fir all d’Residenten erlaben ? 20 Juni '20 Et gëtt an der Regierung iwwert e néie Lycée transfrontalier fir d’Karriären an der Santé diskutéiert. Fir wéi eng exakt Beruffer wäerten d’Leit hei forméiert ginn ? Wéi wichteg wäert lëtzebuergescher Sprooch an dësem Lycée sinn ? 154155156157158159160