Wei geet et weider mat FAGE a ween bezillt am Endeffekt Rechnung?

Här President,

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës dringend parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

Laut RTL-Informatiounen géif Fage säi Molkerei-Projet zuLëtzebuerg ad acta ze leeën. Et hätt déi lescht Deeg nachVerhandlungen mam Wirtschaftsministère ginn.

Mir wéilten duerfir folgend Froen un den Här Wirtschaftsministerstellen :

Kann de Minister dës Informatiounen confirméieren ?
Wat koum bei deene Verhandlungen zur Sprooch?
Huet déi betraffe Firma Grënn fir hire Réckzuch genannt ? Wa jo, wéi eng ?
Wat gëtt aus den Terrainen, déi de Staat dem griichescheJugurtsproduzent verkaf huet ? Plangt de Staat, déi neeszréckzekafen an zu wéi engem Präis ?

Mat déifstem Respekt,

Martine Hansen

Laurent Mosar

Claude Wiseler

Deputeiert

 

Zréck