Deelen d’Ministeren d’Aschätzung, dass et fir eng « fichéiert » Persoun schwiereg ass, ze wëssen, ob seng Daten reegelkonform traitéiert ginn, wa dës Persoun keng Informatiounen iwwer d’Identitéit vun de Persounen kritt, déi op hir Donneën zougräifen ? Wa jo, wéi eng Méiglechkeeten huet dës Persoun fir seng Rechter geltend ze maachen ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Policeminister an un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

 

An engem Reportage vum 100,7 gouf sech op en Neits mat der Dateveraarbechtung vu Privatpersounen bei der Police beschäftegt.

Et heescht an deem Bäitrag, dass bis dato 475 Persounen eng Demande agereecht hunn fir Accès op hiren Dossier ze kréien, vun deene der 320 beäntwert goufen. De ganze Prozess kéint awer bis zu engem Joer daueren.

Weider heescht et, dass scho längst klasséiert Affären nach ëmmer an der Police-Datebank optauchen, D’Police seet do géif et um Niveau vun der Justiz kapéieren, déi hinnen net déi néideg Informatiounen géif zur Verfügung stellen. Dozou huet och déi national Dateschutzkommissioun Folgendes bemierkt gehat : « sans un retour qualifié de la part des autorités judiciaires, la Police n’est pas en mesure de répondre à ses obligations de mises à jour ou d’effacement des données. »

Déi betraffe Persounen kréien och keng Informatiounen iwwer Persounen, déi Zougrëff op engem seng Donnéeë geholl hunn.

 

Mir wéilten duerfir folgend Froen un d’Madamm an den Här Minister stellen :

 

  • A senger Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°752 vum 17. Juni 2019 huet de Policeminister Folgendes geäntwert gehat :

 « La Police et le Ministère Public travaillent à la mise en place d’un système de transmission automatisé d’informations succintes sur le suivi réservé par les autorités judiciaires aux procès-verbaux transmis par la Police (…). »

 

Kënne d’Ministeren eis soen, wat sech zanter hir op deem Niveau entwéckelt huet?

 

  • An sengem Avis vum 13. September 2019 schreiwt déi national Dateschutzkommissioun och :

 

« la police n’avait pas mis en place des règles procédurales en vue d’assurer le respect des délais de conservation, ainsi que de la proportionnalité de la durée de conservation des données à caractère personnel, compte tenu de l’objet du fichier et de la nature ou de la gravité des infractions et faits concernés tels que prévus par la loi de transposition. »

 

Kënne d’Ministeren eis soen, wat sech zanter hir policeintern op deem Niveau geännert huet ?

 

  • Wéi bewäerten d’Ministeren den Delai innerhalb vun deem d’Police op déi eenzel Demande äntwert ? Sinn 12 Méint an hiren Aen « raisonnabel » ?

 

  • Wéi bewäert den Dateschutzdélegéierten vun der Police déi uewe beschriwwen Dateveraarbechtung duerch d’Police ?

 

  • Deelen d’Ministeren d’Aschätzung, dass et fir eng « fichéiert » Persoun schwiereg ass, ze wëssen, ob seng Daten reegelkonform traitéiert ginn, wa dës Persoun keng Informatiounen iwwer d’Identitéit vun de Persounen kritt, déi op hir Donneën zougräifen ? Wa jo, wéi eng Méiglechkeeten huet dës Persoun fir seng Rechter geltend ze maachen (Verweisung vun der Kontrollautoritéit) ?

Mat déifstem Respekt,

Gilles Roth

Deputéierten

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck