En rezenten EU-Audit vun der Generaldirektioun Gesondheet a Liewensmëttelsécherheet deckt gewëssen Defiziter am Kontrollsystem besonnesch vu Rëndsfleesch aus Kanada op. Wéi wäert d’Regierung op dësen Audit reagéieren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu der Struktur a Funktiounsweis vu Kontrollsystemer am (hormonfräien) Fleeschsektor fir d‘Importer an d‘EU am Kontext vum Wirtschafts- an Handelsofkommes tëschent der EU a Kanada (CETA) un den Här Landwirtschaftsminister weider ze leeden.

En rezenten EU-Audit vun der Generaldirektioun Gesondheet a Liewensmëttelsécherheet deckt gewëssen Defiziter am Kontrollsystem besonnesch vu Rëndsfleesch aus Kanada op. Ënnert anerem gëtt op en potenziellen Interessekonflikt bei de kanadeschen Veterinären higewisen, di engersäits vun de Betriber bezuelt gi fir d’Kontrollen duerchzeféieren, an awer anerersäits di selwecht Betriber hisiichtlech Déierenzuucht an -hygiène beroden. D’Conclusioune sinn di selwecht wie schonn aus engem méi ale Bericht;  de géigewäertege System kann net garantéieren, dass zukünfteg nëmme vollstänneg konform Betriber hormonfräi d’Fleesch an d’EU importéieren däerfen.  Wie aus engem Artikel aus dem Le Monde (18.09.2020) ervirgeet, huet d’franséisch Regierung hir „Preoccupatioun“ bezüglech dëse Problemer un d’europäesch Kommissioun weidergeleet. Bis ewell huet een awer nach net vill vun der Kommissioun Bezügleches héieren, ausser dass se an Diskussioune mat de kanadeschen Autoritéite sinn fir, falls néideg, Moossnamen ze korrigéieren. Wieder gëtt an dësem Bericht vun engem positiven ekonomesche Bilan geschwat, an wellechem d’franséisch Exporter a Kanada an deene leschte Jore staark geklomme sinn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wat ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung zu de Conclusioune vun dësem Audit?
  1. Wéi wäert d’Regierung op dësen Audit reagéieren? Gedenkt de Landwirtschaftsminister, änlech wie säi franséische Kolleeg, en Bréif un d’EU-Kommissioun ze schécken?
  2. Wann jo, wéi eng konkret Mesuren wäert de Landwirtschaftsminister proposéiren?
  3. Wéi hunn sech d‘Handels- an d’Wirtschaftsbezéiungen tëschent Lëtzebuerg a Kanada an deene leschten 3 Joer verännert (z.B. Lëtzebuerger Exporter a Kanada)?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéierten

Zréck